Hotel du Moulin
1, Buurschtermillen
L-9164-Bourscheid
Luxembourg

Tél.: (00352) 99 00 15
Fax : (00352) 99 07 40
dumoulin@pt.lu

French

German

English

Letzebuergesch

Belgique

Nederlands

 

Klappjuegd 2008

Nomettes, den 9 Dezember em 13 Auer haten Jéer vun a ronderem Buurschent Rendez-Vous op der Buurschtermillen.

Den Junker Raymond an de Kremer Charel haten desen Dag op hir traditionnell Klappjuegd geruff. Wéi gewinnt waren se all pènktlech do. Et gouf nach séier eng Taass Kaffi gedronk, de Péiter krouch och nach eng Drepp, an du konnt et lass goen. An enger klenger Usprooch huet de Raymond d’Juegdfrenn begréisst an hinnen d’Spillregelen explizéiert. D’Hirschkou hate mer fir déen Dag zou gemach. All aanert Weld konnt geschoss gin wéi d’Gesetz et erlaabt. Fir net zevill Réi ze schéissen, haate mer gesoot, nemmen 1 Réi um Posten. Duerno sin d’Opsteller mat hiire Gruppen an de Bösch gescheckt gin. Hecken Yves (Le Monsieur qui rit) goung mat senge Lett op d’Bramillen, Bodevings Jos goung op d’Welschter Grenz, Schmitzen Aloyse op d’Bierdener Grenz a Schanke Raym an d’Froumicht . Mir hun eis dunn matt de Kläpper an zwou Gruppen opgedeelt. Di eng hun di Kehmener Seit gemeet an di aner de Schack. Et gouf ugetuut an dunn ass et richtig lass gaang. Scho ganz am Ufank hu sich 2 Réi a Richtung Rannerknapp durch d’Bascht gemach. D’Kläpper hunn hiirt Best ginn a scho sin di éischt Schess Gaangen. De Rodenbours Marc hutt geflucht am Gedrecks, a Garys Josy ass him baal net no komm. Hei waren d’Schwéin ganz fresch soot de Pitti, an obeemol ée Kréesch : de Marc stoung virun engem decke Keiler. Waat maachen, leng an ouni Hond. D’Kläpper all no öwen an nach eng Kéier derduerch, mé kée Keiler méi wéit a breet, déen haat sech séier a Richtung Bach aus dem Stepps gemach. Et haat ugefaang ze schneien a mir waren sou gutt wi färdeg awéi mer bei Schiltgesse Mill koumen, gouf ofgetuut. De Carlo Keiser haat engt Réi duurch de Kapp geschoss, Hecken Yves haat sengt propper breet geschoss. Am ganzen haate mer dréi Réi an e Fuuss an all Mensch war zefridden. Et gouf nach e Maufel geess an och nach ee Patt geholl a wi mer es all bal scho genuch haaten hutt de Jean-Jacques nach eng Fläsch roude Wéin zum Beste ginn. Merci de Kläpper, de Jeer mat Hond an de Meedercher di gehollef hun zerwéiern. 25.12.2008

[Home] [Zemmerpreisser] [Reservatioun] [Address] [Plaaz] [Schwemm] [Restaurant] [Menu] [Juegd 2008]